Top 10 similar words or synonyms for symkyn

proudmoore    0.848755

jaina    0.847904

bellerophon    0.845063

amansios    0.839373

colmar_berg_    0.832220

xiaoping    0.825514

kore    0.824709

peleus    0.824250

selbstbewosst    0.823208

caudrésis    0.821446

Top 30 analogous words or synonyms for symkyn

Article Example
Canterbury Tales Wéi de Symkyn sech seng lescht Aarbecht fir "King's Hall" (e Kolléisch vun der Universitéit vu Cambridge) ze deier bezuele gelooss huet, sinn zwee Studente bei hie komm, fir hien zur Ried ze stellen. Si hu beschloss, hien a sengem eegene Spillchen ze schloen. Den John an den Alan hunn e grousse Montant Miel agepak, an hunn dem Symkyn gesot, si wéilten him gär bei senger Aarbecht nokucken. De Symkyn huet hir Päerd lassgebonnen, an déi zwéi Studenten hu se eréischt kuerz virum Abroch vun der Nuecht zréckkritt. An der Tëschenzäit huet de Symkyn nach méi Kar geklaut, fir ze beweisen datt Scholaren net ëmmer déi gescheitste Leit wieren.
Canterbury Tales De Symkyn, e Mëller, huet zu Trumpington bei Cambridge gewunnt, hat Kar a Miel geklaut, dat him bruecht gi war. De Symkyn war och en Expert mat Schwäerter, an en ongemittleche Gesell. Seng Fra war d'Duechter vum Mann vum Klerus vun der Stad (an domat illegitim, well kathoulesch Paschtéier sech jo net bestueden), déi de Mëller bestuet hat, well hien eng fäi Fra wollt hunn. Si haten zesummen eng Duechter, d'Malyne, vun 22 Joer, a e Bouf vu sechs Méint.
Canterbury Tales Nodeem den John an den Alan nees beim Symkyn ukomm waren, hu si him ugebueden, hien ze bezuele wa si kéinte bei him iwwer Nuecht bleiwen. Hien huet si erausgefuerdert, säin Eenzelzëmmer an e grousst Haus ze verwandelen. No ville Rearrangementer hunn de Symkyn a seng Fra an engem Bett geschlof, den John an den Alan an engem aneren, an d'Malyne am drëtte Bett. D'Wéi vum Puppelche war um Fouss vum Mëller sengem Bett.
Canterbury Tales D'Nuecht goung op en Enn, an den Alan huet dem Malyne Eddi gesot. Si huet dem Alan erzielt, hie soll emol hanner der viischter Dir kucken, do wier e Kuch dee si mam geklaute Miel gebak hätt. Hien huet d'Wéi virum Bett gesinn, a geduecht et wir dem Mëller säi Bett (mä den John hat d'Wéi jo geréckelt) an ass bei dat anert Bett gaangen - a Wierklechkeet also dem Symkyn säint - fir dem John z'erzielen datt hie mam Malyne geschlof huet. De Symkyn erwächt an ass nawell gutt rosen, an erwëscht seng Fra am John sengem Bett. Den John an den Alan hu sech séier duerch d'Bascht gemaach.
Canterbury Tales Nodeem si Wäin fir eng gutt Zäitche gedronk haten, sinn de Symkyn a seng Famill séier ageschlof, mä den John an den Alan ware waakreg, an hunn hir Revanche geplangt. Als éischten ass den Alan opgestanen, huet d'Malyne an hirem Bett iwwerrascht a mat hir geschlof. Dunn ass dem Mëller seng Fra opgestanen, de ville Wäin huet op d'Blos gedréckt. Wéi si zréckkomm ass, huet si am Däischteren hiert Bett gesicht, an huet beim Taaschten d'Wéi vum Puppelche fonnt an sech do an d'Bett geluecht. Dëst war awer dem John säi Bett, deen d'Wéi geréckelt hat, an och si hu matenee geschlof.