Top 10 similar words or synonyms for ribbentrop

ödön    0.854682

meyendorff    0.839495

collande    0.836964

thellmann    0.835227

henckel    0.826101

moltke    0.824530

borsody    0.822451

barnhelm    0.818691

mayendorff    0.811085

ballasko    0.810889

Top 30 analogous words or synonyms for ribbentrop

Article Example
Joachim von Ribbentrop Hie war vun 1938 un ënner dem Adolf Hitler Ausseminister vun Däitschland.
Joachim von Ribbentrop De Joachim von Ribbentrop, gebuer den 30. Abrëll 1893 zu Wesel a gestuerwen de 16. Oktober 1946 zu Nürnberg, war en däitschen Diplomat a Politiker.
Joachim von Ribbentrop Hie gouf am Nürnberger Prozess géint d'Haaptkrichsverbriecher an allen Uklopunkte schëlleggesprach, zum Doud veruerteelt an duerno higeriicht.
Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt Den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt , bekannt als Hitler-Stalin-Pakt oder och, no den zwéin Ausseministeren, Ribbentrop-Molotow-Pakt oder Molotow-Ribbentrop-Pakt, war en Traité tëscht dem Däitsche Räich an der Sowjetunioun op zéng Joer, deen de 24. August 1939 (mat Datum vum 23. August 1939) zu Moskau vum "Reichsaußenminister" Joachim von Ribbentrop a vum sowjetesche "Vollekscommissaire" fir Baussecht Affairen Wjatscheslaw Molotow, a Presenz vum Josef Stalin (als KPdSU-Generalsekretär de facto Leader vun der Sowjetunioun) an dem däitschen Ambassadeur Friedrich-Werner Graf von der Schulenburg ënnerschriwwe gouf. De Pakt huet dem Däitsche Räich déi sowjetesche Neutralitéit bei engem Krich mat Polen an de Westmiecht garantéiert.
Polenfeldzuch Den 28. September war de von Ribbentrop op Moskau gereest fir sech mam Molotow ze treffen, fir den Netugrëffspakt ze finaliséieren a Polen definitiv opzedeelen. Déi däitsch Gebidder déi am Ufank nëmme bis op d'Weichsel sollte goen, goufe bis op de Bug vergréissert, a Litauen koum bei d'russesch Territoitren dobäi.
Polenfeldzuch Eng Rei vu Streidereie waren awer nach net geléist, sou dat den däitschen Ausseminister Joachim von Ribbentrop de 24.Oktober 1938 nei Verhandlunge mat Polen opgeholl huet. Déi däitsch Positioun war awer fir Polen net akzeptabel. Dunn huet Däitschland seng Truppe mobiliséiert. Zousätzlech goufe vun däitscher Säit geziilt Provokatioune simuléiert an opgebaut, fir déi si ongerechterweis d'Pole verantwortlech gemaach hunn. Domat wollte si e Motiv a Virwand schafen, fir Polen, wéi geplangt kënnen z'iwwerfalen.
Ashcan Ënner de 86 Gefaangene waren en etlech vun den nach liewege Nazi"bonzen": de "Reichsmarschall" Hermann Göring, de Julius Streicher, Editeur vun der antisemitescher Wochenzeitung "Der Stürmer" a Gauleiter vu Franken, den Alfred Rosenberg, eng Zort Nazi-"Philosoph", de Robert Ley, Chef vun der "Arbeiterfront", den Ausseminister Joachim von Ribbentrop. Ausserdeem den Arthur Seyss-Inquart, "Reichskommissar" vun Holland, den Hans Frank, "Generalgouverneur" vu Polen, de Karl Stroelin, Buergermeeschter vu Stuttgart, de Wilhelm Frick, "Reichsprotektor" vu Béimen a Mieren a virdrun Inneminister an de Walther Funk, President vun der "Reichsbank".
Wanterkrich Warscheinlech war et och den urspréngleche Plang vun der Sowjetunioun, wéi am Ribbentrop-Molotow-Pakt festgehalen, ganz Finnland fir sech z'erueweren. Den Ugrëff konnt awer ufanks vun der finnescher Arméi, obwuel déi manner grouss a manner staark war, gestoppt ginn. Eréischt no groussen Ëmgruppéierungen a Verstäerkunge konnt d'Rout Arméi am Februar 1940 eng decisiv Offensiv starten an déi finnesch Positiounen op der Mannerheimlinn duerchbriechen. Duerno war et am Schnéi an Äis an engem Terrain met lauter Bëscher a mat Dausende vu Séien och nach net sou einfach fir weider ze kommen, an d'Finnesch Arméi deenen hir Zaldote gutt ausgebilt Schileefer an excellent Tireure waren, hunn d'Saach net méi einfach gemaach. Den 13. Mäerz 1940 gouf mam Friddenstraité vu Moskau de Krich op en Enn bruecht. Finnland konnt seng Onofhängegkeet behalen, huet awer grouss Deeler vu sengem Territoiren, absënns vu Karelien, un d'Sowjetunioun oftriede missen. 420.000 Leit hu missen ëmgesidelt ginn, a Finnland huet sou 10% vu senger Industrie a Landwirtschaftsproduktioun verluer.