Top 10 similar words or synonyms for reformatoren

NotFoundError    0.789

Top 30 analogous words or synonyms for reformatoren

Article Example
Reformatioun Verschidde Reformatoren hu sech ëm d'Aféiere vun der Liturgie an der Landessprooch beméit. Doduerch goufen an de protestantesche Gebidder d'latengesch Massen ofgeschaaft. Den Zentrum vun dëse neie Liturgieën war de "Wortgottesdienst", also d'Priedegt an d'Liesen vun de Schrëften.
Reformatioun Dës Trennung vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch war "à priori" net d'Absicht vun de Reformatoren. D'""re-Formatioun"" sollt déi ursprénglech chrëschtlech Léier an der kathoulescher Kierch nees opwäerten.
Reformatioun D'Reformatioun ass net vun engem eenzele Mënsch oder vun enger bestëmmter Plaz ausgaangen. Et goufe verschidden Zentren a verschidde Reformatoren, déi vun ënnerschiddleche Viraussetzungen ausgaange sinn an ënner ënnerschiddleche politesche Verhältnesser gelieft hunn.
Reformatioun D'Ausenaanersetzung mat den existéiernde Strukturen hat fir d'éischt de Charakter vun engem Sträit tëscht den Theologische Fakultéiten. D'Streidereien ënner den mëttelalterlechen Universitéiten hunn zur Differenzéierung, Verfestegung an Ausbreedung vun de reformatoresche Gedanken bäigedroen. D'Méiglechkeete vum Buchdrock si rapid ausgenotzt ginn. Vill Reformatoren hunn hir Sträitschrëften an héijer Oplo publizéiert. De Lucas Cranach den Eeleren huet dem Luther an dem Philipp Melanchthon seng Schrëfte meeschterhaft illustréiert.
Guillaume Farel 1533 konnt de Guillaume Farel zu Genf Fouss faassen an d'Autoritéiten sou iwwerzeegen, datt de Conseil vun der Stad am August 1535 decidéiert huet, d'reforméiert Léier z'iwwerhuelen. Dat Joer duerno konnt de Farel de Jean Calvin, deen op der Duerchrees war, dozou iwwerrieden, zu Genf ze bleiwen. De Calvin huet du mam Farel zesummen deem säi Wierk fortgesat an no an no Genf zu enger Héichbuerg vum Protestantismus gemaach. 1538, awer, si béid Reformatoren, wéinst hirem Rigorismus, vun de Genfer ausgewise ginn. De Calvin konnt kuerz duerno erëmkommen, awer de Farel huet sech zu Neuchâtel niddergelooss. Säi reformatoreschen Äifer war sou grouss, datt en och do, mat Momenter, Schwieregkeete mat der Bevëlkerung hat. Hien huet nach eng Rei vu Missiounsreesen a Frankräich ënnerholl ier en dunn zu Neuchâtel gestuerwen ass.