Top 10 similar words or synonyms for phylen

phratrien    0.832147

archaiesch    0.811686

ongesiedegt    0.807909

ahmadinedschad    0.801233

welte    0.798470

haaptorganer    0.796664

schënner    0.795914

synthetesch    0.795364

milieuen    0.794725

krokodiller    0.793257

Top 30 analogous words or synonyms for phylen

Article Example
Polis Schonn an der Ilias war d'Arméi a Phylen a Phratrien ënnerdeelt. Den Homer huet domat op en neit Ënnerdeelungsprinzip vun der Polis vu senger Zäit (Mëtt 8. Joerhonnert v. Chr.) ugespillt. Mä d'Ufäng vun de Phylen a Phratrie si sécher méi fréi unzesetzen. Ursprénglech goufe si wuel nëmme vun den Ionier an Dorier benotzt, an hu sech am 8. Joerhonnert v. Chr. an déi meescht aner Poleis verbreet. Zuelen an Nimm vun de Phylen ("Stämm") hunn an de verschiddenen ionesche Stied wéi Athen, wat 4 Phylen hat ("Geleontes", "Aigikoreis", "Argadeis" an "Hopletes") an an de Stied vun den Dorier wéi Sparta, wat dräi Phylen hat ("Hylleis", "Dymanes", a "Pamphyloi") ufanks iwwerenee gestëmmt. Dëst deit drophin, datt sech d'Phyle schonn als Bestanddeeler vun dësen Ethnie virun hirer Wanderung an Ausbreedung etabléiert haten, an dann am Prozess vun der Entstehung vun der Polis zu den ieweschten Ënnerdeelunge vun de Poleis verwandelt hunn
Polis Déi ierflech Phylen-Zougehéiergkeet war an der Regel d'Viraussetzung fir um Vollbiergerrecht deelzehuelen. D'Phylen, déi eng gläichgrouss Zuel vu Bierger bzw. Hopliten haten, hunn e wichtege Bäitrag zu der politescher, reliéiser, militärescher a kultureller Selwerorganisatioun vun der Polis geleescht. Phylen a Phratrien hunn am Prozess vun der Polisbildung integrativ gewierkt. Déi ëffentlech Aufgaben, déi dës Persouneverbänn am Kader vun der Organisatioun vum Communautéitsliewen als "Klenggesellschaft" an der Polis iwwerholl hunn, hu sech mat den zentrale Polisorganer ergänzt.
Polis Datt déi véier präkleisthenesch Phyle vun Athen aus engem Zesummeschloss vun de Phratrien ("Brudderschaften") ervirgaange sinn, gëtt vun der neier Fuerschung widderluecht An der klassischer Polis huet den eenzele Bierger zu de verschiddenste Korporatioune gehéiert, dëst wäert an der Fréiphas vun der Polis net anescht gewiescht sinn. Regional Bindunge si géintiwwer vum personalen Zesummenhalt vun dëse Vereenegunge fréizäiteg an den Hannergrond geroden. Membere vu Phylen ("Phyleten"), déi hire Wunnsëtz an Attika gewiesselt hunn, sinn trotzdeem Member vun hirer aler Phyle bliwwen. Déi präkleisthenesch Phylen hunn och keng regional Sonnerrechter an Usproch geholl. Déi sougenannt "Phylobasileis" ("Phylekinneker") hunn hir Funktiounen am Numm vun der ganzer Polis ausgeübt Well d'Phratrien a Phylen aus de verschiddene Schichte vu Fräien, Adelegen an Net-Adelegen zesummegesat ware, ass e Beweis dofir, datt déi archaiesch Polis keng "Geschlechterstad" war
Polis D'Awunner vun der Polis ware Männer, Fraen, Kanner, Metöken, Periöken a Sklaven. Als Persouneverbandsstaat huet all Polis nëmmen déi vollberechtegt, volljäreg männlech Bierger (""Politen"") als Deelhaber un der "Herrschaft" ëmfaasst, Fraen, Kanner, Metöken an Onfräi ware vum Vollbiergerrecht an domat vun der Bedeelegung un der Eegenadministratioun ausgeschloss. Wéi de Kleisthenes 508/507 v. Chr. déi zéng nei lokal Phylen an d'Demokratie an d'Liewe geruff huet, huet hien déijéineg formal aus de Phylen ausgeschloss, deenen déi gefuerdert familiär Hierkonft an/oder den dauerhafte Wunnsëtz gefeelt huet, an déi sou net als Member vun enger Deme registréiert konnte ginn. Domat huet d'Geschicht vun der Persounegrupp ugefaangen, déi "Métoikos" genannt gouf.