Top 10 similar words or synonyms for phratrien

phylen    0.832147

feminismus    0.781951

vertebrata    0.779497

tuila    0.778180

vermeintlech    0.777815

drëttlänner    0.774898

schënner    0.774620

nanna    0.774565

grachtenschëff    0.774199

sunniten    0.774024

Top 30 analogous words or synonyms for phratrien

Article Example
Polis D'Demen ("Uertsgemengen") mam jeeweilege Wunnsëtz vun de Bierger als klengen natierlech Eenheeten hunn am Kader vun enger kommunaler Eegenadministratioun mat engem Buergermeeschter un hirer Spëtzt all ëffentlech Aufgabe vun de Phratrien iwwerholl : si hunn d'Persounestandsregister mat Gebuerts-, Bestietnes- a Stierflëschten administréiert, souwéi d'Lëscht vun de Vollbierger.
Polis Déi ierflech Phylen-Zougehéiergkeet war an der Regel d'Viraussetzung fir um Vollbiergerrecht deelzehuelen. D'Phylen, déi eng gläichgrouss Zuel vu Bierger bzw. Hopliten haten, hunn e wichtege Bäitrag zu der politescher, reliéiser, militärescher a kultureller Selwerorganisatioun vun der Polis geleescht. Phylen a Phratrien hunn am Prozess vun der Polisbildung integrativ gewierkt. Déi ëffentlech Aufgaben, déi dës Persouneverbänn am Kader vun der Organisatioun vum Communautéitsliewen als "Klenggesellschaft" an der Polis iwwerholl hunn, hu sech mat den zentrale Polisorganer ergänzt.
Polis Schonn an der Ilias war d'Arméi a Phylen a Phratrien ënnerdeelt. Den Homer huet domat op en neit Ënnerdeelungsprinzip vun der Polis vu senger Zäit (Mëtt 8. Joerhonnert v. Chr.) ugespillt. Mä d'Ufäng vun de Phylen a Phratrie si sécher méi fréi unzesetzen. Ursprénglech goufe si wuel nëmme vun den Ionier an Dorier benotzt, an hu sech am 8. Joerhonnert v. Chr. an déi meescht aner Poleis verbreet. Zuelen an Nimm vun de Phylen ("Stämm") hunn an de verschiddenen ionesche Stied wéi Athen, wat 4 Phylen hat ("Geleontes", "Aigikoreis", "Argadeis" an "Hopletes") an an de Stied vun den Dorier wéi Sparta, wat dräi Phylen hat ("Hylleis", "Dymanes", a "Pamphyloi") ufanks iwwerenee gestëmmt. Dëst deit drophin, datt sech d'Phyle schonn als Bestanddeeler vun dësen Ethnie virun hirer Wanderung an Ausbreedung etabléiert haten, an dann am Prozess vun der Entstehung vun der Polis zu den ieweschten Ënnerdeelunge vun de Poleis verwandelt hunn
Polis Datt déi véier präkleisthenesch Phyle vun Athen aus engem Zesummeschloss vun de Phratrien ("Brudderschaften") ervirgaange sinn, gëtt vun der neier Fuerschung widderluecht An der klassischer Polis huet den eenzele Bierger zu de verschiddenste Korporatioune gehéiert, dëst wäert an der Fréiphas vun der Polis net anescht gewiescht sinn. Regional Bindunge si géintiwwer vum personalen Zesummenhalt vun dëse Vereenegunge fréizäiteg an den Hannergrond geroden. Membere vu Phylen ("Phyleten"), déi hire Wunnsëtz an Attika gewiesselt hunn, sinn trotzdeem Member vun hirer aler Phyle bliwwen. Déi präkleisthenesch Phylen hunn och keng regional Sonnerrechter an Usproch geholl. Déi sougenannt "Phylobasileis" ("Phylekinneker") hunn hir Funktiounen am Numm vun der ganzer Polis ausgeübt Well d'Phratrien a Phylen aus de verschiddene Schichte vu Fräien, Adelegen an Net-Adelegen zesummegesat ware, ass e Beweis dofir, datt déi archaiesch Polis keng "Geschlechterstad" war