Top 10 similar words or synonyms for perserkaz

hydrangea    0.854749

blummemaart    0.852215

thym    0.849074

hereford    0.846985

dactylorhiza    0.844905

yakima    0.840744

hochdeutscher    0.839223

quantesch    0.838860

hardap    0.837638

heckeknuewelek    0.836933

Top 30 analogous words or synonyms for perserkaz

Article Example
Perserkaz D'Perserkaz gehéiert zu den eelsten a populäerste Kazerassen. Perserkazen deele sech mat exotesche Kuerzhoerkazen a Colourpoints e gemeinsame Standard. Ënnerscheeder weise se nëmmen an der Pelz-"Längt", -"Textur" an an der -"Faarf".
Perserkaz Éischt Opzeechnungen iwwer d'Perserkaz si géint 1520 datéiert. De geneeën Urspronk vun der Rass ass onkloer. Méiglecherweis staamt se vun Angorakazen aus der Tierkei of, an déi aner laanghoereg Rassen aus dem deemolege Persien (haut Iran), Afghanistan, Burma, China etc. agekräizt goufen. D'Kinnigin Victoria an aner Membere vum engleschen Kinnekshaus haten eng Virléift fir blo Perserkazen an hunn domat d'Popularitéit vun där Rass gesteigert. Déi meescht Perserkazen, déi 1871 op der éischter Kazenausstellung an England gewise goufen, ware schwaarz, blo oder waiss. Blo a schwaarz Perserkazen hunn zunächst als besonnesch wäertvoll gegollt. 1901 gouf d' "Blue Persian Cat Society" gegrënnt a kuerz drop den éischte Standard fir Perserkazen erstallt. Haaptsaach war heibäi e gläichméissegt, dicht Fell an enger unis Faarf.
Perserkaz D'Perserkaz ass grouss bis mëttelgrouss. Si huet e ronne Kapp, mat klengen, wäit ausernanergesaaten Ouren (Ourespëtze si ronn), grouss oppen a ronn Aen an eng kuerz Nues. D'Aefaarf variéiert jee no Pelzfaarf tëscht orange/kofferfaarf, blo a smaragdgréng. Hir Bee si kuerz, kräfteg a si huet déck Patten, de Schwanz ass zimlech kuerz, awer staark behoert (puschelege Schwanz). De Pelz ass laang, dicht, seideg a mat vill Ënnerwoll. Si muss während dem Pelzwiessel (Fréijoer an Hierscht) regelméisseg, am beschten all Dag gekämmt a gebiischt ginn, fir Verfilzungen z'evitéieren. Opgrond vun hirem dichte Pelz an der domat verbonnener néideger Pfleg ass d'Perserkaz fir d'Wunnéngshalung prédestinéiert. Vum Charakter ass d'Perserkaz eng roueg an ausgeglache Perséinlechkeet, déi awer och geneesou wéi aner Kazen ausgeloosse spillt a schmuust.