Top 10 similar words or synonyms for přemysliden

takelot    0.909760

gubbio    0.902138

skiy    0.901058

romanus    0.900996

bydgoszcz    0.900951

giacinto    0.900115

kerpen    0.899509

vratislav    0.898898

bolesław    0.898771

meri    0.898765

Top 30 analogous words or synonyms for přemysliden

Article Example
Jang de Blannen De Jang war de Jong vum däitsche Keeser Heinrich VII. a war virun allem als Turnéierheld bekannt. Am Joer 1308 krut de Jang vu sengem Papp d'Grofschaft Lëtzebuerg. Well eng béimesch Adelspartei beim Heinrich VII. géint den deemolege béimesche Kinnek Heinrich vu Kärnten intervenéiert ass, huet de Jang den 31. August 1310 um Reichstag vu Speyer vu sengem Papp och nach d'Kinnekräich Béimen kritt, an ass den Dag drop am Doum vu Speyer vum Péiter vun Uespelt mat der Prinzessin Elisabeth vu Béimen bestuet ginn. D'Elisabeth war eng Schwëster vum Wenzel III., dem leschte männlechen Nokomme vum ale béimeschen Herrscherhaus vun de Přemysliden. De Jang war do grad véierzéng Joer al an d'Elisabeth hat der knapps uechtzéng.
Jang de Blannen Nach am selwechte Joer mécht sech déi jonk Koppel mat Truppen op de Wee, fir den Heinrich vu Kärnten definitiv aus Béimen ze verjoen. Dat war am Ufank awer guer net sou einfach, well weder d'Eruewerung vun der räicher béimescher Stad Kuttenberg ("Kutná Hora"), nach déi vu Kolín geléngt, zweemol kann den Heinrich vu Kärnten sech nach widdersetzen. Wéi de Jang zu Prag ukoum, wou hien de 7. Februar 1311 vum Äerzbëschof vu Mainz, dem Péiter vun Uespelt am Hradschin gekréint gouf, hat hien nach glat a guer keng Eruewerung opweises. Dat war natierlech net grad dee beschten Optakt fir den neie Kinnek. A senge Walkapitularien huet de Jang dem béimeschen Adel missen zougestoen, datt Ämter just mat Leit aus Béimen a Mähren besat däerfte ginn. Dëst huet d'Muecht vum béimeschen Adel gestäerkt an och en éischt béimescht Nationalgefill ervirbruecht. Mä fir de Jang huet d'béimesch Kroun och bedeit, datt hien Usprëch op den Troun vu Polen an op dee vun Ungarn hat, grad wéi déi lescht zwee Přemysliden.