Top 10 similar words or synonyms for koorbitalen

epimetheus    0.708606

visualitéit    0.700850

zentauren    0.697762

masseräichen    0.691500

kalliope    0.679228

kuelesak    0.673475

mumps    0.671061

kosmeschen    0.670414

ëmwandelen    0.670390

längelzegen    0.668636

Top 30 analogous words or synonyms for koorbitalen

Article Example
Koorbitalen Objet E koorbitalen Objet oder koorbitale Begleeder ass en Himmelskierper, deen op derselwechter oder bal derselwechter Ëmlafbunn ëm e Stär leeft, wéi en zweeten anere méi groussen Himmelskierper. Wéinst den Ëmlafbunnen déi sech gläichen, hu s'allebéid déiselwecht mëttel Ëmlafdauer ëm hire Stär. Koorbital Objete stinn a gravitativer Wiesselwierkung mat dem méi groussen Himmelskierper, op deem senger Ëmlafbunn si lafen, a si wéinst derselwechter mëttlerer Ëmlafdauer an enger sougenannter 1:1-Resonanz. Dat bedeit, datt sou Ëmlafbunnen nëmmen ënner bestëmmte Viraussetzunge stabil sinn, vun deenen am Normalfall déi wesentlechst ass, datt de koorbitale Begleeder am Verhältnes zum grousse Kierper méi eng kleng Mass huet (sougenannt "ageschränkten Dräikierperproblem").
Koorbitalen Objet E klengen Himmelskierper, dee relativ wäit ewech lues ëm de gréisseren Himmelskierper eemol während enger Ëmlafdauer vum gréissere Kierper ëm den Zentralstär kreest, nennt een Quasisatellit. Quasisatellitte stinn haaptsächlech ënner dem Gravitatiounsafloss vum Zentralkierper, ëm dee béid lafen, an net wéi e Mound ënner dem haaptsächlechen Gravitatiounsafluss vum Planéit. Dëst ass an ongeféier analog zu zwéin Autoen op enger Autobunn, déi nieftenee mat deselwechter Vitess fueren a sech wiesselsäiteg iwwerhuelen, awer net fest unenee gebonne sinn. E Quasisatellit vun der Äerd war an de Jore vun 1996 bis 2006 de klengen Asteroid 2003 YN, deen zanterhier nees wéi virdrun eng Houfeisenëmlafbunn laanscht d'Äerdbunn beschreift.
Koorbitalen Objet Déi bekanntst koorbital Begleeder sinn d'Trojaner vum Jupiter. Fir d'éischt waren an de Lagrangepunkten L an L (déi an der Bunn vun engem Himmelskierper 60° vir resp. hanner him sinn) vum Jupiter sou Begleeder entdeckt ginn a se goufen Trojaner genannt. Den éischten entdeckten Trojaner war den Achilles. Duerno goufen dunn och an de Lagrangepunkte vun anere Planéiten a souguer bei Mounden trojanesch Begleeder fonnt (kuckt Trojaner-Mound).
Koorbitalen Objet Eng weider Grupp vu koorbitalen Objete lafen op sougenannte Houfeisenëmlafbunnen bannenzeg vun der Ëmlafbunn vum méi groussen Himmelskierper a mat him zesummen ëm den Zentralstär. Déi koorbital Begleeder beschreiwen vum mat der Bewegung vum gréissere Kierper ëm den Zentralstär matbeweegte Bezuchssystem aus gesinn laanscht d'Ëmlafbunn e grousse Bou, dee se periodesch vir- an zréckschwéngen. D'Form vum Bou erënnert un en Houfeisen, dofir den Numm Houfeisenëmlafbunn. Vum rouende Bezuchssystem (Inertialsystem) aus gekuckt beschreiwe si awer „normal“ Ëmlafbunnnen. Bis elo sinn eréischt e puer Objeten op Houfeisebunne bekannt. Ee vun de bemierkenswäertsten ass den Asteroid 2002 AA (en Objet mat net emol 100 m Duerchmiesser), deen e koorbitale Begleeder vun der Äerd ass. Eng weider Aart vu koorbitalen Objeten op ongewéinlechen Houfeisebunne sinn déi kleng, bal grad sou grouss Saturnmounde Janus an Epimetheus, déi als koorbital Mounden op ähnlechen Ëmlafbunnen ëm de Saturn lafen a sech all véier Joer zimlech no kommen an hir Ëmlafbunnen tauschen.
Koorbitalen Objet Den Iwwergank vun engem Trojaner zu enger gewéinlecher Houfeisebunhn ass fléissend: Wann den Ofstand vun engem Trojaner zum L- oder L-Punkt ze grouss ass, da gëtt hien eemol op der Ëmlafbunn den deem gréisseren Himmelskierper entgéintgesate Punkt bei L iwwerschreiden an dann a Richtung vum aneren Lagrange-Punkt wanderen a sou an engem grousse Bou vir an zréck schwéngen.
Trojaner (Astronomie) D'Trojaner sinn Asteroidegruppen, déi e Planéit op hirer Bunn ëm d'Sonn als Koorbitalen Objet mat engem mëttleren Ofstand vu 60° virdrun oder hanner him begleeden.