Top 10 similar words or synonyms for houfeisenorbit

NotFoundError    0.789

Top 30 analogous words or synonyms for houfeisenorbit

Article Example
(3753) Cruithne D'Bunn vum Cruithne ass duerch déi grouss Exzentrizitéit an hirer héijer Bunnschréiegt zimlech komplex, wouduerch si net engem echten Houfeisenorbit ëm d'Äerd follegt. Bunnsimulatioune weisen, datt hie schonn eng gewëssen Zäit an dësem Orbit ass. Seng Bunn ass no Computersimulatiounen awer net laangfristeg stabil. Méiglecherweis wäert de Cruithne dës Bezéiung mat der Äerdbunn nëmmen e puer Joerdausende hunn an dann eng aner Bunn anhuelen.
2002 AA29 Duerch seng Bunnschréiegt vun 10,7° géint d'Ekliptik gëtt den 2002 AA awer net ëmmer vun der Äerd op seng Houfeisenëmlafbunn gezwongen, mä kann heiansdo quasi duerchwëschen. Hien ass da fir eng gewëssen Zäit an der Géigend vun der Äerd gefaangen, wat déi nächste Kéier a ronn 600 Joer, also ëm d'Joer 2600 passéiere wäert. Hie wäert sech dann an der klenger Lück vun der Äerdbunn ophalen, déi hien a sengem éischten Houfeisenorbit net erreecht hat, a sech net weider wéi 0,2 Astronomesch Eenheeten (30 Millioune Kilometer) vun der Äerd distanzéiert. Dobäi gëtt hien – bal wéi en zweete Mound – lues ëm d'Äerd kreesen; fir en Ëmlaf brauch hien allerdéngs e Joer. No 45 Joer wiesselt hie nees zréck an den Houfeisenorbit, fir sech dann ëm d'Joer 3750 an nach eng Kéier ëm 6400 nees fir 45 Joer an der Géigend vun der Äerd opzehalen. An dëse Phasen, an deenen hie sech baussenzeg vu sengem Houfeisenorbit ophält, schwéngt hien an dem schmuele Beräich laanscht d'Äerdbunn, an deem hie gefaangen ass, während 15 Joer eemol vir an zréck. Well hie net wéi de Mound fest un d'Äerd gebonnen ass, mä haaptsächlech ënner dem Gravitatiounsafloss vun der Sonn steet, nennt nennt een dëse Kierper Quasisatellit.
2002 AA29 Kuckt een de mat der Äerdbunn bal deckungsgläichen Orbit vum 2002 AA vu mat der Äerdbeweegung ëm d'Sonn matbeweegten Bezuchssystem aus, beschreift hien am Laf vu 95 Joer laanscht dem Äerdorbit e Bou vu bal 360°, deen hien a weidere 95 Joer nees zréck schwéngt. D'Form vum Bou erënner un en Houfeisen, dofir den Numm Houfeisenorbit fir seng Ëmlafbunn vum mat der Äerd matbeweegtem Bezuchssystem aus gesinn. Bei der Bewegung laanscht dem Äerdorbit strudelt hie sech spiralfërmeg ëm dësen, wouduerch hie fir eng Spiraldréiung ee Joer braucht. Dës Spiralbeweegung entsteet duerch seng Exzentrizitéit a Bunnschréiegt déi liicht vun der Äerdbunn ofwäichen, woubäi den Ënnerscheed vun der Bunnschréiegt fir de vertikalen an dee vun der Exzentrizitéit fir den horizontalen Deel vun der projezéierter Spiralbewegung verantwortlech ass. Kënnt hien der Äerd vu vir, also an Ëmlafrichtung vun der Äerd, no, sou gëtt hien duerch där hir Unzéiungskraaft an e manner séieren, eppes méi no un d'Sonn leienden Orbit versat. Hie leeft der Äerd op hirer Bunn elo viraus, bis hie si no 95 Joer eemol bal iwwerholl huet an hir elo vun hannen entgéint kënnt. Elo geréit hien nees nei ënner hire Gravitatiounsafloss a gëtt sou op eng méi lues Ëmlafbunn eppes méi wäit ewech vun der Sonn gehuewen. Doduerch kann hien elo net méi mat der Vitess vun der Äerd mathalen, bis dës hien no 95 Joer nees vu vir erreecht. D'Äerd an den 2002 AA verfollege sech also ëmmer ofwiesselend, komme sech awer ni ze no. Den 8. Januar 2003 koume sech den Asteroid an d'Äerd vu vir bis op 5,9 Millioune Kilometer erun, wat seng noosten Distanz fir bal ee Joerzéngt bleift. Zanter dësem Zäitpunkt leeft hien elo viraus. Opgrond vun der subtiler Wiesselwierkung mat der Äerd muss een awer net fäerten, datt dësen Asteroid wéi aner Äerdbunnkräizer mat der Äerd kéint zesummestoussen. Berechnunge weisen, datt hien an den nächste Joerdausenden der Äerd ni méi no wéi 4,5 Millioune Kilometer komme wäert, wat ongféier dem Zwieleffache vum Äerd-Mound-Ofstand entsprécht.