Top 10 similar words or synonyms for hoffman

matthew    0.940420

kelly    0.939408

elliott    0.936111

rogers    0.934236

kenny    0.933918

keith    0.931425

nick    0.931093

pete    0.930190

baldwin    0.927038

jerome    0.925510

Top 30 analogous words or synonyms for hoffman

Article Example
Dustin Hoffman Den Dustin Lee Hoffman, gebuer den 8. August 1937 zu Los Angeles, ass e US-amerikanesche Filmproduzent, Filmregisseur a Schauspiller, dee fir seng Interpretatiounen e puermol e Golden Globe an en Oscar gewonnen huet. hien ass zëneter den 1970er Joren ee vun de profiléirtste Charakter-Schauspillerv um US-amerikaneschen Film.
Dustin Hoffman An den 1980er Joren hat hien ë. a. an der Travestie-Comédie "Tootsie" vum Sydney Pollack, an der Verfilmung vum Arthur Miller sengem Theaterstéck "Death of a Salesman" vum Volker Schlöndorff an als Autist a "Rain Man" (1989) grousse Succès; fir dee leschtgenannte krut hie säin zweeten Oscar.
Dustin Hoffman Duerno koume Genre-Filmer no, wéi "Family Business" (1989), "Hook" (1991), "Outbreak" (1995), "Sphere" (1998) oder "Wag the Dog" mam Robert de Niro (1997), deen en och mat produzéiert huet.
Dustin Hoffman 2003 huet e mat sengem Kolleg Gene Hackman an der Verfilmung vum John Grisham sengem "Runaway Jury" matgespillt, an zwee Joer drop a "Meet the Parents" (mam Robert de Niro a Ben Stiller), vun deem et och zwou Fortsetzunge gëtt. Weider war hien 2006 an der Verfilmung vum Patrick Süskind sengem Bestseller aus den 1980er Joren "Das Parfum – Die Geschichte eines Mörders" ze gesinn.
Dustin Hoffman Den Dustin Hoffman huet ufanks Musek studéiert, ass dann awer op Schauspillerei gewiesselt, well een do, wéi e sot, "besser Meedercher kenne léiere konnt". An den 1960er Joren huet hien Theater, duerno och kleng Tekevisiounsroller gespillt. 1967 huet en, als zweet Kinosroll, dHaaptroll am Mike Nichols sengem "The Graduate" gespillt, wou e, mat 30 Joer, en zwanzegjärege Student gespillt huet, dee vun enger duebel sou aler Fra, der Mrs. Robinson, verfouert gëtt. Duerno koumen Haaptrollen am Film "Midnight Cowboy" (1969), wou en en doudkranke klenge Brigang gespillt huet, an den Anti-Western "Little Big Man" (1970), wou en dem Haaptpersonnage säi Liewen tëscht 17 an 17 bis 120 Joer interpretéiert huet. 1973 huet en de Prisonéier Louis Dega am Film "Papillon" gespillt.