Top 10 similar words or synonyms for gewierscht

schiedlech    0.802443

nëtzlech    0.776726

heterosexuell    0.776496

ongenee    0.772726

zouverlässeg    0.767229

houfreg    0.762811

ënnereneen    0.762456

accessibel    0.761992

capabel    0.761970

jalous    0.760583

Top 30 analogous words or synonyms for gewierscht

Article Example
Dione (Mound) Den Dione kéint, ähnlech wéi den Enceladus, ënner hirer décker Äisschicht e flëssegen Ozean hunn, wourop magnéitesch Miessunge vun der Raumsond Cassini hindeiten. E weidert Indiz fir flëssegt Waasser ass déi equatorial Biergketten "Janiculum Dorsa", däeren Gewiicht d'Kuuscht vum Mound ëm bis zu 500 Meter erof fält. D'Äiskuuscht muss dofir fréier méi waarm gewierscht sinn, wat sech am beschten mat der Hypothese vun engem subglazialen Ozean (zum Zäitpunkt vun der Biergkettegenesis) erkläre léisst.
Chasma Boreale Verschidde Wëssenschaftler deiten Chasma Boreale als Gletscherlafstruktur, déi dann an hirem Spéitstadium vun de katabatesche Fallwande vun der Äiskap an Sublimatiounsprozesser morphologesch iwwerpräegt goufen. Zu der Verflëssegung vun der Äissuel féierend Schmëlzprozesser waren schon vun aner Wëssenschaftler a Betruecht gezu ginn. Spekulativ bleift d'Ursaach vum Schmëlzvirgank. A Betruecht kommen Vulkanismus, Meteorittebombardement, gravitativt, duerch d'Iwwerlaascht vum Äis bedéngtes Schmëlzen oder eng méiglech Kombinatioun vun dësen Aflëss. De Schmëlzwaasserduerchbroch muss op jiddefall gigantesch gewierscht sinn. Mat Erreechen vum Déifland reduzéiert sech de Waasseräisstroum a breet sech fächerfërmeg aus. De Floss koum schliisslech opgestaut an engem risege Séi zum Stoen an hat eng héich Sedimentoflag hannerlooss. Etlech kleng Chasmata an der Noperschaft ginn och esou ugesinn.
Cassini-Huygens Weider sinn nach zwou Niddreggewënnantennen (LGA) do, déi un der Spëtzt vum HGA-Subreflekter an um aneren Enn vun der Sond festgemaach sinn, sou datt bei jiddwer Fluchlag Daten iwwerdroe kënne ginn. Well d'Datequot wéinst der kompakter Antennenkonstruktioun nëmme ganz kleng ausfält, ass si haaptsächlech als Noutléisung geduecht, wann d'HGA net op d'Äerd ausgeriicht ka ginn. Während der Marschfluchphas goufen d'Antennen och zu der plangméisseger Kommunikatioun benotzt, well fir déi kuerz routineméisseg duerchgefouerte Systemchecker keng héich Datequote néideg waren. Heiduerch gouf Dreifstoff gespuert, dee néideg gewierscht wär, fir d'Haaptantenn op d'Äerd auszeriichten.
Äismound De Iapetus ass den drëttgréisste Saturnmound a bal ganz aus Waasseräis mat klengen Deeler un silikateschem Gestengs opgebaut. D'Uewerfläch vum Iapetus kann duerch hir Verfierwung an zwou verschidde Regiounen ënnerdeelt ginn. Déi féierend Hemisphär ("Cassini Regio" genannt) ass mat enger Albedo vu 0,03 bis 0,05 ganz däischter a roudelzech gefierwt. Déi folgend Hemisphär ("Roncevaux Terra" genannt) ass mat enger Albedo vu 0,5 sou hell wéi de Jupitermound Europa. Den Hellegkeetsënnerscheed ass esou opfälleg, datt de Cassini de Mound mam Teleskop nëmmen op enger Säit vum Saturn observéiere konnt. Huet de Mound der Äerd déi donkel Regioun zougedréit, blouf hien onsiichtbar. De Iapetus huet vun alle Kierper am Sonnesystem de gréissten Hellegkeetskontrast. Déi hell Säit ass veräist a staark verkratert. No neieste Fuerschunge soll de Iapetus a senger Jugend séier rotéiet hunn a nach net gefruer gewierscht sinn, well hie vu radioaktive Stoffer (Aluminium an Eisen) mat relativ kuerzer Hallefwäertzäit opgeheizt gouf. Duerch déi séier Rotatioun bekoum hien eng ausgebeulte Form. D'Aktivitéit vun den Isotope huet ofgeholl, an de Iapetus gouf fraschteg, ir sech d'Rotatiounsdauer op den heitege Wäert agependelt hat.
Mimas (Mound) Den Duerchmiesser vun dem Krater mécht bal en Drëttel vum Moundduerchmiesser aus an ongeféier 10 % vum equatoriale ganzen Ëmfank aus. De Krater steet op der féierender Hemisphär a läit mam Zentrum vu sengem Zentralbierg bal exakt um Equator. De Kraterrampli ass ronn 5 km héich, de Buedem läit deelweis 10 km ënner dem Gelänn vun der Ëmgéigend an den Zentralbierg hieft sech ongeféier 6 km iwwer dem Buedem. Nei Analyse hunn erginn, datt den Zentralbierg souguer bis zu 11 km iwwer d'Ëmgéigend leie kënnt, wat hien zu engem vun de gréisste Zentralbierger am Sonnesystem maache géif. D'Wucht vum Impakt, deen dëse Krater entstoe gelooss huet, muss esou grouss gewierscht sinn, datt et de Mound bal ganz zerrappt hätt. Een entspriechend grousse Krater op der Äerd hätt en Duerchmiesser vu ronn 4.000 km an 200 km héich Kraterwänn, den Zentralbierg wär tëscht 170 an 300 km héich (!). Den Herschel ass relativ zum Mammekierper de gréisste Krater vun engem sech am hydrostatesche Gläichgewiicht geleeëne Kierper am Sonnesystem.