Top 10 similar words or synonyms for duerchmusterung

bonner    0.866660

astrometrie    0.777339

hipparcos    0.772080

ads    0.769124

cpd    0.769063

katalogen    0.768559

supernovae    0.764881

supernova    0.762572

ib    0.758603

duebelstären    0.757998

Top 30 analogous words or synonyms for duerchmusterung

Article Example
Duerchmusterung Als Duerchmusterung (op Englesch och Survey) gëtt an der Astronomie e systematescht Duerchsiche vum ganzen Himmel oder vun engem groussen Deel dovun no bestëmmten Objeten a bis zu enger definéierter Grenzhellegkeet bezeechent.
Duerchmusterung Déi am Ament prezis Duerchmusterung staamt vum Hipparcos-Satellit, dee virun 2000 den Himmel mat engem Spigelteleskop an zwou verschidde Genauegkeeten opgeholl hat. D'Resultat ass den Hipparcos-Katalog mat 108.000 Stären (jee ±0,002") an den Tycho-Katalog mat 2 Millioune Stären op ±0,02". Dës Himmelsvermoossung soll ab 2014 mat der Gaia-Missioun verbessert ginn.
Duerchmusterung Déi éischt Stärekataloge si schonn an der Antiquitéit ugeluecht ginn, ë. a. vum Hipparch (135 v. Chr.) a vum Ptolemäus (ëm 150 n. Chr.). Den Hipparch Katalog gouf wahrscheinlech duerch eng Supernova ervirgeruff an hat schonn 800-1000 Fixstären notéiert, also ronn d'Hallschent vun de Stären déi ee mat bloussem A gesi kann. Déi vu béiden Astronomen an hirem Virgänger Aristyllos vu Samos vermoosse Stäreplazen hunn hinnen et erlaabt, scho gutt Wäerter fir d'Prezessioun vun der Äerdachs ze bestëmmen. De Ptolemäus hat säi Stäreverzeechnes an den 8. a 9. Band vum Léierbuch Almagest iwwerholl, wouduerch et op dem Ëmwee iwwer Arabien am Fréimëttelalter och europäeschen Astronomen zougänglech gouf.
Duerchmusterung Spéider organiséiert d'Astronomesch Gesellschaft kooperativ Duerchmusterunge vun etlechen Observatoiren, fir doraus den AGK2-Katalog – a spéider den AGK3 – zu entwéckelen.
Duerchmusterung D'Resultat vun enger Himmelsduerchmusterung no Stären ass an der Regel e Stärekatalog, mä et kann awer och d'systematesch Erfaassung vu Verännerlechen oder Duebelstären d'Zil sinn. Aner Objete vun Duerchmusterunge si Stärekéip, Niwwel, Galaxien oder Klengplanéiten.
Duerchmusterung Zu der astrometrescher Grondlag vu ville Joerzéngte gouf schliisslech d'Bonner Duerchmusterung (BD), déi 1852 bis 1862 vum Astronom Friedrich Wilhelm August Argelander a sengem Assistent visuell gemaach gouf. Si versammelt 325.037 Stären am Deklinatiounsberäich tëscht 89° a −2° bis zu der visueller Hellegkeet vun 9,5 mag. Wéinst dem risegen Ëmfank vun dëser Aufgab hat ee sech op eng Genauegkeet am Beräich vun e puer Wénkelsekonne beschränkt. D'Katalogstäre goufen och als Himmelsatlas mat 36 Blieder fir den Nordhimmel publizéiert.
Duerchmusterung Haut versteet een ënner dem Begrëff "Duerchmusterung" manner d'Katalogiséierung vu Stären, mä villméi d'systematesch Sich no "net-stellaren" Himmelsobjeten. Wichteg Projete sinn z. B. periodesch automatesch Duerchmusterunge vum Himmel no äerdnoen Asteroiden ("near earth objects", NEA). En etlech Schwéierpunkte gëllen och den Duerchmusterungen a kuerz- a laangwellege Beräicher vum elektromagnéiteschem Spektrum, wéi d'Sich no Röntgenquellen, Galaxiëkéip oder Quasaren. Dogéint erfollegt d'Siche no Exoplanéiten net systematesch iwwer de ganzen Himmel, mä konzentréiert sech op eenzel "verdächteg" Stären an der Noperschaft vun eiser Sonn.
Duerchmusterung Méi genee Himmelsduerchmusterunge koumen eréischt no der Erfindung vum Teleskop. Déi gréisst Bedeitung krut déi vum Flamsteed vu Greenwich am leschte Véierel vum 17. Joerhonnert. Si gouf zum Ausgangspunkt vun enger laanger Rei vu Stärekatalogen, deenen d'Astronomie bis haut hir miesstechnesch Grondlage verdankt. Den Observatoire zu Greenwich gouf ë. a. gegrënnt, fir duerch genee Stäreplazen déi nautesch Navigatioun an domat d'Schëfffaart ze sécheren. Géint Mëtt vum 18. Joerhonnert hunn de Bradley a seng Assistente weider ëmfangräich Observatiounsreie gemaach, déi de Bessel spéider nach eng Kéier nogekuckt hat an am Joer 1818 a seng „Fundamenta Astronomiae" opgeholl hat.
Duerchmusterung Am bekanntste gouf awer d'Bonner Duerchmusterung (vun 1855 un), déi weider ënne behandelt gëtt.
Duerchmusterung Am 18. Joerhonnert entstoungen och Kataloge vun Duebelstären, Verännerlechen an Niwwelen - ë. a. duerch de Wilhelm Herschel a seng Schwëster ab 1780 (848 Duebelstäre resp. 2500 niwwleg Objeten). Virdrun hat schonn de franséischen Astronom Charles Messier (1730–1817) all am klengen Teleskop visuellen Stärekéip an Niwwel katalogiséiert. No 18-järeger Aarbecht gouf säi Messier-Katalog mat 110 Objete publizéiert, dee bis haut vun Amateurastronomen gebraucht gëtt. Der Ulass zu dësem Katalog war allerdéngs d'Sich vum Messier no neie Koméiten, bei där déi vill Gasniwwelen an der Mëllechstrooss zu munneche "Feelalarme" gefouert haten.