Top 10 similar words or synonyms for buddhistesch

archaiesch    0.815941

bantu    0.798080

allegoresch    0.795167

kaschubesch    0.789459

kaweechelcher    0.787682

shintō    0.785600

phylen    0.782668

vertebrata    0.782481

héichgestallte    0.780792

informatiouns    0.778839

Top 30 analogous words or synonyms for buddhistesch

Article Example
Fakir Am ëmgankssproocheleche gëtt dat Wuert besonnesch gebraucht fir indesch Asketen a fir buddhistesch Heeschepateren, d'Bhikkuen.
Arakanesen Arakanesen sinn eng buddhistesch Minoritéit a Myanmar, an Indien an am Bangladesch.
Yâna Yâna (Sanskrit a Pāli: "Gefier") bezeechent am Buddhismus e spirituelle Wee, eng spirituell Praxis, eng buddhistesch Schoul. Déi dräi bekanntst Yâna (Gefierer) heeschen:
Siddhartha Gautama De Siddharta steet als Grënner vun der buddhistescher Relioun a Léiertraditioun an Indien. De Buddhismus berifft sech op d'Léier vum Siddharta. Dofir fänkt déi buddhistesch Zäitrechnung mam Doudesdag vum Siddharta un.
Mandala E Mandala weist geeschteg a kosmesch Bezéiungen, d'Verhältnesser vum Ech, der Welt an dem Gëttlechen. Déi buddhistesch Gottheete ginn als Persounen oder Symboler duergestallt. Dacks gesäit een op engem Mandala dat ganzt Universum mat Buddhaen, mat Gëtter a Gëttinnen, mat Déieren a Planzen, mat Bierger, Flëss a Landschaften.
Bishamon Hien huet 3 grouss Aufgaben z'erfëllen: En ass de Gott vum Krich a seng Aufgab ass et seng Kriger ze schützen. Mä dat ass net seng eenzeg Aufgab, hie verdeelt och nach Räichtum un all déi Mënschen déi dem Buddhismus ugehéieren. A schlussendlech beschützt en och nach Mënschen vun den Dämonen an Krankheeten a verdeedegt buddhistesch Templen fir datt deenen näischt geschéie kann.
Buddhismus De Buddhismus huet ugefaange sech an den 1990er Joren zu Lëtzebuerg z'entwéckelen. Déi Entwécklung ass duerch d'Grënnung vun Zentren entstanen, déi sech op den tibetanesche Buddhismus Nyingmapa (mat dem Dzogchen) an de Buddhismus Zen konzentréieren. 1997 ass den éischten Zenter zu Lëtzebuerg, den "Dzogchen Center Lëtzebuerg", ënner dem Afloss vun 10 buddhistesche Laien entstanen. Do gëtt den tibetanesch-buddhistesche Glawe praktizéiert sou wéi Konferenzen an technesch Stage wéi de Showa-do ofgehalen. Donieft ass och déi buddhistesch Laiebewegung Sōka Gakkai zu Lëtzebuerg vertrueden.
Buddhismus De Buddhismus ass am Subkontinent Indien duerch de Siddhartha Gautama entstanen. Den Iwwerliwwerungen no huet hien am Alter vu 35 Joer duerch en Erliefnes vum "Erwächen" eng Rëtsch vun Erliefnesser gehat, déi et him erméiglecht hunn déi buddhistesch Léier a véier edel Wourechten ze formuléieren an e Wee aus dem Leiden eraus ze fannen. Am Laf vun der Zäit hu sech verschidde spirituell Weeër entwéckelt, "Yâna" (Gefier op Sanskrit) genannt: Hînayâna, dat klengt Gefier a Mahâyâna, dat grousst Gefier, vun deem dat diamantent Gefier Vajrayâna ausgeet.
Klerus Den urspréngleche buddhistesche Klerus waren Sanghas, engem Uerde vu Mönchen an Nonnen, dee vum Gautama Buddha zu Liefzäiten am 5. Joerhonnert v. Chr. gegrënnt gi war. Dës Mönchen an Nonnen hu sech un de Patimokkha gehalen, engem strikte Code vun Aarmut an Disziplin. A modernen Zäiten huet sech d'Roll vum buddhistesche Klerus jee no Land anescht entwéckelt. A Korea, Japan an deelweis am Tibet kënne sech buddhistesch Paschtéier bestueden, wat laut dem Patimokkha verbueden ass. Anerersäits hu Länner, déi den Theravada Buddhismus praktizéieren - Thailand, Burma a Sri Lanka - eng méi konservativ Vue op d'monastescht Liewen.
Varanasi Varanasi (Hindi: वाराणसी, Urdu: وارانسى, IPA: [ʋɑːˈrɑːɳəsiː], och Benares (resp. Banaras) oder Kashi genannt, ass eng Stad am indeschen Bundesstaat Uttar Pradesh. Se läit um Ganges an huet ronn 1,2 Milliounen Awunner (2011). Varanasi ass eng vun den eelste Stied an Indien a gëllt als déi hellegst Stad vum Hinduismus. Si gëllt als Stad vum Shiva Vishwanat, an zanter 2.500 Joer pilgeren d'Leit dohin. Fir d'Hindu gëllt et als besonnesch ertstriewenswäert, do am Ganges ze bueden a sech do, no sengem Doud, verbrennen ze loossen, wat dann och do vun Dausende vu Leit, dacks just e puer Meter vuneneen ewech, laanscht d'Uwänner vum Floss praktizéiert gëtt. Dës Uwänner sinn an Terrasseform ugeluecht, déi "Ghat" genannt ginn. Nieft de Ghate ginn et nach eng weider ronn 200 wichteg hinduistesch, jainistesch a buddhistesch Tempelen.