Top 10 similar words or synonyms for bestounge

NotFoundError    0.789

Top 30 analogous words or synonyms for bestounge

Article Example
Redan Redane ware kleng Festungswierker déi normalerweis virun der Courtine louchen an als Aussen- oder Beobachtungspostë konzipéiert waren. Am Verglach zu Redoutë ware si méi kleng a bestounge meeschtens aus Äerdwäll déi a spatz Wénkelen zum Glacis hin zougelaf sinn an eng kleng Plaz gedeckt hunn dééi no hannen op war.
Musekalbum Traditionnell bestounge Musekalben aus enger oder méi LPen, déi an enger Kartongshousse waren, op där meeschtens, nieft dem Titel an dem oder den Interpret(en), och Informatiounen iwwer d'Musek oder d'Texter ze fanne waren. Déi Housse war dacks an engem kënschtleresche Layout. Mam Opkomme vun der CD, Mëtt vun den 1980er Joren, gouf dat Konzept op d'Verpakung vun den CDen iwwerdroen. Obwuel haut, bei Musek-Downloaden, d'Konzept vum Album u sech net méi vill Sënn mécht, well kee materielle Support méi gebraucht gëtt, hält et sech weiderhin zu engem groussen Deel bäi.
Fort Parkhöhe De Fort gouf an 3 Etappe geschleeft. An den éischte Jore goufe keng Aarbechte virgeholl, well d'Ëffnung vun der Uewerstad als méi wichteg gegollt huet. Eng éischt Kéier goufen 1870, ënner dem Afloss vum Franséisch-Preisesche Krich, d'Grief zougeschott. Am Wanter 1874/1875 gouf de Reduit ofgebrach, an no der Visite vun enger däitsch-franséischer Schleefungskommissioun 1881 goufe weider Kasematten a Mauerdeeler zerstéiert. Ufank der 1870er Jore gouf een Deel vum Terrain vum Stater Bierger Dr. Louis Würth kaaft, deen do e Summerhaus baue gelooss huet. Schonn 1875 ass dunn den, am Volleksmond „Würthsgaart“ genannten Terrain un d'Baarmhäerzeg Bridder vekaaft ginn, déi dee ganzen Areal Stéck fir Stéck opkaaft an e Park ugeluecht hunn; déi Gäert déi ronderëm bestounge konnte bestoe bleiwen. Duerch den neie Besëtzer huet de Park séier den Numm „Seminairesgaart“ kritt.